22/07/2026
Mir si frou Iech eis nei Partnerschaft mat Kammerata Lëtzebuerg unzekënnegen. 🎻✨
Mat dësem Sponsoring iwwer déi nächst véier Joer ënnerstëtze mir eng Organisatioun, déi zënter 40 Joer fir musikalesch Exzellenz, Kreativitéit an d'Fërderung vun der Kultur zu Lëtzebuerg steet.
Op der Foto 📸: Iise Marco zesumme mat der Presidentin vu Kammerata Lëtzebuerg, Sandrine Cantoreggi, bei der Ënnerschrëft vum Sponsoring.
Mir freeën eis op déi gemeinsam Rees a wënschen der Kammerata vill Erfolleg! 💙
21/07/2026
💼 Du schaffs gär organiséiert, präzis a behäls och bei komplexen Dossieren den Iwwerbléck?
D'EWA Group vun 📍Dikrech/Ettelbréck sicht eng/een Secrétaire juridique expérimenté(e) (m/w/d) fir direkt - CDI 40h/Woch!
Dëst erwaart dech bei EWA:
🌴 Bis zu 38 Deeg Congé
🏆 Verschidden Prime & 13. Mount
🤝 Familiär Atmosphär: Mir leeën Wäert op Teamgeescht an organiséieren och reegelméisseg Afterworks
🎟️ Gratis & exklusiv Entréesticketen (Concerten, Sport, Eventer)
✔️ Deng primär Missioune:
- Compliance- an AML-Dossieren preparéieren a suivéieren
- Gesellschaftsformalitéiten (LBR, RCS, RESA) geréieren
- Assembléeën an administrativ juristesch Dossiere virbereeden
- Juristesch Dokumenter ausschaffen a Clienten am Alldag ënnerstëtzen
👉 Interessi? Schéck eis deng Kandidatur op 💌 [email protected] – mir freeën eis, dech kennenzeléieren!
22/06/2026
Haut feiere mir Lëtzebuerg 🇱🇺
Als Lëtzebuerger Betrib sinn mir natierlech houfreg drop eise klengen Deel zum Fonctionnement vun der Lëtzebuerger Wirtschaft bäizedroen 😌
Schéinen Nationalfeierdag! ❤️🤍🩵
15/06/2026
An mir dierfe den Meedercher (U11) vum FC72 Ierpeldeng nachemol gratuleiren! 👏
Dëse Sonndeg konnte sie den Fussballsdag zu Ettelbréck gewannen! 🏆
01/06/2026
📢 Wichteg Info fir all Salariéen zu Lëtzebuerg!
Ab dem 1. Juni 2026 gëllt déi nächst Indextranche. Salaire a Pensiounen klammen automatesch ëm 2,5 %.
💶 Wat dat konkret bedeit:
Mindestloun: 2.703,74 € → 2.771,30 € (+67,56 €)
Qualifizéierten Mindestloun: 3.244,48 € → 3.325,60 € (+81,12 €)
30/05/2026
D’Saison bei de Meedercher vum FC72 Ierpeldeng geet och op en Enn! ⚽
Och hei wëlle mir als stolze Sponsor fir eng ganz erfollegräich Saison gratuléieren – gekréint mam Gewënn vun der LALUX Indoor Coupe an der Coque den 21.02.2026 🏆👏
🚨 Den FC72 setzt sech staark dofir an, nach méi Meedercher fir de Fussball ze begeeschteren an op laang Siicht eng komplett Championnatsequipe opzebauen 🙌
Dofir sicht de Club aktuell nach motivéiert Spillerinnen aus de Joergäng 2014 bis 2017, déi Loscht hunn, an engem flotte Grupp Fussball ze spillen ⚽😊
Interesseiert? Da mellt iech gären beim FC72!